Aishinka Tinka
BETSY DENTZER & ENSEMBLE AISHINKA
Geschichten aus dem Déirenbësch
Geschichten aus dem Déirenbësch
Aishinka Tinka ass en Erzielconcert mat Jazzmusek a 4 bulgaresch Märercher iwwer Déieren, déi mol witzeg, mol schlau, liddereg, geféierlech oder och einfach nëmmen domm sinn: d’Geschicht vun der Märelsmadamm, déi all hir Eeër un d’Fuussemadamm verluer huet; déi vum Ochs, vum Hunn, vum Hues a vum Iesel, déi op der Flucht virun hiren ondankbaren a béisaartege Mënschen decidéieren, zesummen ze wunnen an ee Gesangsveräin ze grënnen ; déi vum Bopa senger Moul, an der ganz vill Deieren aus dem Bësch, wéi beispillsweis d’Maischen, d’Wëllschwäin an de Bier, ouni ze streiden
eng kal Wanternuecht zesumme verbruecht hunn; an dat Märche vum Fräsch, den der Mouk en ze groussen Hutt fir hire Gebuertsdag offréiert… Dat ganzt gëtt mat enger Grëtz Aishinka zerwéiert, en hybride Museksprojet tëschent Jazz, Klassik, urbaner Musek an traditioneller Musek, déi hiren Ursprong an der bulgarescher Lidderkultur huet. D’Basis besteet aus 3 Fraestëmme mat originell polyphonen an deels raue Kläng, déi mat Sopransaxophon, Piano, Kontrabass a Batterie vervollstännegt ginn.
Erzielung Betsy Dentzer / Ensemble Aishinka : Piano, Arrangementer Louise Andri / Gesang Gergana Velikova, Julie Rens, Claire Parsons / Sopransaxophon Tom Bourgeois / Kontrabass Fil Caporali / Perkussioun Daniel Jonkers / Konzeptioun, Regie Dan Tanson / Kostümer Alexandra Lichtenberger / Illustratiounen Lis Eich.
Produktioun Philharmonie Luxembourg
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu