3 - 6 Jahre
Cycle 1

Mardi 19.01.2021

15:00 TICKET

Jeudi 21.01.2021

15:00 TICKET

Schoulvirstellungen
Ausverkaft
(Report 2020)

Mierscher Kulturhaus
Ticket: 12€ | 6€ | 1,50€

Reservatioun
T. 47 08 95 1
luxembourgticket.lu

Dauer: 45 Min.
Sprooch: Lëtzebuergesch

Carlo Koffer

UGDA MUSEKSSCHOUL
Wat ass an him dran, am Carlo Koffer?

Wësst dir firwat de Carlo Koffer do ass? Firwat brauch een deen iwwerhaapt? A wat ass an him dran?
Déi Froe stellt de Carlo Koffer sech scho säit laangem. Hie wëll erausfannen, wat an him stecht. Ob him dat geléngt a wat hien dobäi erliewt gi dir an dëser musikalescher Geschicht gewuer. Dëst Stéck ass eng interaktiv Geschicht bei däer d’Kanner zesumme mam Carlo Koffer op d’Rees ginn. Dobäi mussen si roden wat an him dran ass, an do kommen déi komeschste Saachen eraus. Eng Int? Ee Glitzermonster? Eng Schlaang? De Carlo sengt och mat de Kanner, an déi sollen hëllefen erausfanne wat am Koffer ass. Den Tom Braquet ass Laureat vum Concours Jeunes Solistes an huet scho bei

villen Orchestere matgewierkt. Vun 2006 bis 2009 huet hie säin Tubaspill um Conservatoire vu Maastricht perfektionnéiert. Hien spillt Tuba bei der Militärmusek an enseignéiert, ënnert anerem, an der UGDA Museksschoul.
D’Micky Thein huet op der Hochschule für Musik zu Saarbrécke hire Bachelor an der Elementarer Musikpädagogik mat Trompette kritt an 2016 mat engem Master an der Musekspedagogik op der Hochschule für Musik und Tanz Köln seng Studien ofgeschloss. No puer Joeren als Enseignante an der UGDA-Museksschoul a ville verschiddene Projeten am Beräich vun der Musekspedagogik ass d’Micky Thein Directrice Adjointe vun der UGDA-Museksschoul.

Geschriwwen an erzielt vum Micky Thein / Musikalesch interpretéiert vum Tom Braquet / Ee Projet an Zesummenaarbecht mat der UGDA Museksschoul.

Réservation séances scolaires | Groupes

CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu

3 - 6 Jahre
Cycle 1

Mardi 19.01.2021

15:00 TICKET

Jeudi 21.01.2021

15:00 TICKET

Schoulvirstellungen
Ausverkaft
(Report 2020)

Mierscher Kulturhaus
Ticket: 12€ | 6€ | 1,50€

Reservatioun
T. 47 08 95 1
luxembourgticket.lu

Dauer: 45 Min.
Sprooch: Lëtzebuergesch

Désolé, pour des raisons sanitaires et la nécessité de respecter les distances, nous pouvons actuellement pas offrir la vente en ligne. Merci de vous adresser avec votre demande de tickets à notre Billetterie par e-mail (CAPE:billetterie@cape.lu)
Merci pour votre compréhension.

Newsletter

En renseignant votre adresse email, vous acceptez de recevoir nos Newsletters par courrier électronique. Vous pouvez vous désinscrire à tout moment à l’aide des liens de désinscription.
Si d’autres questions demeurent, vous pouvez prendre contact avec nous via l’adresse email mail@cape.lu.