Dat klengt Meedchen aus dem Mier
COMPAGNIE DU GRAND BOUBE / ESCHER THEATER
Fräi nom Kannerbuch vum Sophia de Mello Breyner Andresen
Fräi nom Kannerbuch vum Sophia de Mello Breyner Andresen
Zwou verschidde Welten… A Menina do Mar ass dat éischt Kannerbuch, dat déi bekannt portugisesch Schrëftstellerin Sophia de Mello Breyner Andresen 1958 geschriwwen huet. Dëst Märchen erzielt vun enger aussergewéinlecher Frëndschaft tëscht engem Jong, deen um Land wunnt, an engem Meedchen, dat am Mier lieft. De Virwëtz vun deenen zwee Kanner
erméiglecht et hinnen, trotz hirer Verschiddenheet, deem anere seng Welt kennen an acceptéieren ze léieren. D’Meedche léiert, wat et heescht, eppes ze begieren, a wat Frëndschaft a Freed ass. De Jong ass averstanen, seng Welt opzeginn a mam Meedchen um Mieresbuedem ze liewen.
Adaptatioun & Inszenéierung Rita Bento dos Reis / Regieassistenz Claire Wagner / Szenographie & Kostümer Peggy Wurth / Toun & Video Marguerite le Bourgeois / Animatioun am Video Lemur Stop Motion Studio du Lycée Ermesinde / Mat Hanna Sofia Lopes & Pitt Simon.
Produktioun Escher Theater / Koproduktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, La Compagnie du Grand Boube
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu