Den Cello-Express
<h2><strong>LËTZEBUERGER PHILHARMONIKER</strong>
Moderéierte Concert mat Musek vum Tschaikowski</h2>
An dëser Saison spillen d’LëtzebuergerPhilharmoniker am Kader vun hirem Optrëtt zu Ettelbréck net nëmmen e moderéierte Concert fir Primärschoulskanner, mee och fir d’ganz Famill. Wëllkomm beim Cello-Express Concert! D’Lëtzebuerger Philharmoniker presentéieren dem Tschaikowski seng Rokoko–
Variatiounen ënnert der Leedung vum Dirigent Martin Rajna. De Benjamin Kruithof hëlt iech mat de staarken Téin vu sengem Cello mat an eng Welt voller Emotiounen a Faarwen. Begleet vun der Presentatrice Martina Menichetti gëtt dës Expeditioun zu engem onvergiesslechen Abenteuer!
Konzept, Text, Moderatioun Martina Menichetti / Leedung Martin Rajna / Cello Benjamin Kruithof
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu