D’Faarwemonster
KAMMERATA LUXEMBOURG
Eng Geschicht iwwert de Klang vu Gefiller, Faarwen a Frëndschaft
Eng Geschicht iwwert de Klang vu Gefiller, Faarwen a Frëndschaft
Déi rout Faarf vermëscht sech mat der gieler, dat Blot geet an dat Gréngt iwwer. Schwaarz Faarwewolleken tierme sech op an danze mam rosaen Niwwel. D’Faarwemonster ass doruechter. Seng Faarwe si komplett duercherneegeroden! Dat mécht et rosen! Nee, traureg… Oder fäertereg? Seng Frëndin, d’Esmeralda, wëll him beim Sortéieren hëllefen…
Wéi fillen ech mech? Wéi kann ech meng Gefiller ausdrécken? Fräi nom Buch vum Anna Llenas hunn d’Jenny Spielmann an d’Catherine Hengesch eng Klang-Erzielung
inzenéiert, déi de Kanner spilleresch a musikalesch d’Welt vun den Emotioune méi no bréngt. Dobäi hëllefen de Kanner net nëmmen déi verschidde Faarwen, hir Gefiller ze verstoen an ze identifizéieren. Mee si entdecken och mat Hëllef vun der Musek (ënner anerem mat Stécker vum Pharell Williams, Antonio Vivaldi oder Edvard Grieg), wéi ënnerschiddlech Kläng a Melodië bei eis verschidde Stëmmungen ausléisen an datt all Gefill seng Plaz verdéngt huet.
Konzeptioun a Spill Jenny Spielmann, Catherine Hengesch / Akkordeon Frin Wolter / Klarinett Nathalie Ludwig / Braatsch Unna Nousiainen / Cello Anik Schwall / Musikalesch Arrangementer Claude Kraus
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu