D’Mina an d’Stärefra
Trio Dora, Catherine Hengesch, Jenny Spielmann
Wann d’Stäre fonkelen
Wann d’Stäre fonkelen
LU D’Mina ass nuets eleng ënnerwee. De Mound steet um Himmel an d’Stäre blénken. Him fält op, datt et Stäre ginn, déi méi hell liichten a Stären, déi manner hell liichten. Hatt freet sech firwat dat esou ass. Hatt streckt sech, gräift no engem Stär an hëlt e bei sech. Et ass ee Stär, dee kaum fonkelt, mee just ganz liicht glënnert. Gutt dass d’Stärefra an de Mound dem Mina hëllefe fir d’Stäre rëm un d’Liichten ze kréien.
An dësem Musekstheater fir Kanner vun 3 bis 6 Joer dierfen net just d’Stäre rëm méi hell liichten, mee och déi 3 Komponistinnen Elfrida Andrée, Mélanie Bonis an Julia Smith erstralen.
Spill Catherine Hengesch, Jenny Spielmann, Lynn Menster / Musek Trio Dora:Carole Mallinger-Leyers (Gei), Yves Tordy (Cello), Annalena Castagna (Piano) / Costumes & Décors Alexandra Lichtenberger / Technik & Luucht Steve Demuth / Œil extérieur Mirka Costanzi / Produktioun Mierscher Theater
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 307 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu