E Barockfest fir jiddereen
Interaktiven Erzielconcert
LU Mmmhhh lecker! Barockmusek! Mee wéi déi wuel schmaacht? Séiss wéi Hunneg, sauer wéi eng Zitroun oder awer vläit schaarf wéi exotesch Gewürzer? Eng häerzlech Invitatioun an d’Joer 1727. Hei erwaart iech ee Fréijoers-Picknick mat musikalesche Leckereien an eleganten Dänz, ëmgi vu faarwege Blummen a Villerchersgesäng.
Loosst iech verzaubere vun enger barocker Liewensfreed, déi Häerz a Sënner erwiermt. Kommt a schmaacht d’Musek, spiert de Rhythmus a feiert mat eis „E Barockfest fir jidderen”!
Konzept, Moderatioun, Gesank Joëlle Wiseler / Konzept, musikalesch Leedung, Cembalo Anne-Catherine Bucher / Gei Aurélie Wenzel / Gamba Stéphanie Houillon / Flütt, Hautbois Annemarie Klein / Danz Guillaume Jablonka
Produktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Conservatoire du Nord
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 307 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu