KNUET
KOPLA BUNZ
Grouss ginn, dat heescht léiere wichteg Lienen ze knäppen: vum Stréckel an de Schong zoubannen, awer och sech un d’Leit em eis ronderëm ze bannen oder sech vun hinnen z’emanzipéiren. Eise Nuebel symboliséiert d’Verbindungen déi opgeléist ginn, erënnert awer och un dat, wat eis verbënnt. Mat enger partizipativer Installatioun aus Klang a Biller bitt Knuet d’Méiglechkeet, dës ursprénglech Verbindung erëm z’entdecken. Déi Kleng gi vun dräi KënschtlerInnen (MusekerIn, visuell KënschtlerIn, DänzerIn) an Hielen, Tunnellen, Hängematten a Wéien matgeholl, wou si eng faszinéierend Welt aus Kniet a Trëtzen bewonneren an op sech wierke loosse kënnen.
Grandir, c’est apprendre à tisser et nouer des liens. On apprend à faire ses lacets, on s’attache à celles et ceux qui nous entourent et on s’en émancipe. Le nombril symbolise tous les liens qui ont été rompus mais rappelle aussi, à chaque instant, ce qui nous relie. Knuet propose de retrouver ce lien primaire à travers diverses installations cinétiques et sonores. Les tout-petits se laisseront entraîner par trois artistes (musicien.ne, plasticien.ne, danseur.euse) au sein de grottes, tunnels, hamacs et berceaux… Autant d’installations participatives qui invitent à s’attarder et à s’émerveiller, et où ils découvriront ensemble un monde fascinant fait d’une multitude de noeuds et de tresses.
Konzept Jean Bermes / Szenographie Dagmar Weitze.
Produktioun Kopla Bunz & Rotondes / Avec le soutien de l’OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Fondation Indépendance et Ville de Luxembourg
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu