Zwee Ënnerwee
BETSY DENTZER & NATAŠA GRUJOVIĆ
Ech ginn op d’Rees an huele mäi Rucksak mat.
A mäi Rucksak paken ech:
eng Weltkaart
eng Weltkaart an eng Schwammkap.
eng Weltkaart, eng Schwammkap an eng Melodie.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie an eng kleng Dous Luussegkeet.
eng Weltkaart, eng Schwammkap, eng Melodie, eng kleng Dous Luussegkeet an en ängschtlecht Blënzelen.
No enger spannender éischter Rees duerch
KostohryzNordamerika, d’Tierkei an de Kongo, huet d’Betsy sech nees op de Wee gemaach, fir nei Geschichten uechter d’Welt ze sammelen. D’Nataša huet sech säin Akkordeon op de Réck gelueden an huet sech mat him zesummen op de Wee gemaach. Vill Stonne laang hu si nogelauschtert, sech ausgetosch, musizéiert a gesongen, si si getrëppelt a geflunn a geschwomm… an elo si si nees doheem an hunn nees e ganze Rucksak voller Geschichten dobäi, deene si ënnerwee begéint sinn… ënnerwee zu zwee.
Erzielung Betsy Dentzer / Akkordeon Nataša Grujović / Kostümer Natercia Rebelo / Kënstleresch Berodung Theater Milla Trausch / Kënstleresch Berodung Musek Jean Bermes / Produktioun Rotondes
_
COVID 19
Bei all eise CAKU Spektakele gëllt eng obligatoresch Maskepflicht ab 6 Joer .
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu