ZongenZodi
BETSY DENTZER & LUISA BEVILACQUA
Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien
Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien
Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net! Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran. Well wann hanne vir a vir hannen ass, da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht, an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net? Komm mir setzen den Z
op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wierder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong… oder an d’Oueren? Oh meng Modi, wat en Zodi, voller Freed um Duercherneen! Bei ZongenZodi geet et ëm d’Zesummespill vu Sprooch, Kierperkläng a Rhythmus – e Geschichtespill fir Kanner.
Konzept, Spill Luisa Bevilacqua, Betsy Dentzer / Bün, Kostümer Peggy Wurth / Artistesch Begleedung Ela Baumann, Jean Bermes, Claire Parsons / Luut Domenic Koehler
Produktioun Escher Theater, Erzielkonscht a.s.b.l.
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu