De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg!
ALLERRETOUR A.S.B.L.
Eng grouss musikalesch Party fir Kanner
Eng grouss musikalesch Party fir Kanner
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. Nodeems de Kapitän Mullebutz a seng Crew duerch hiert vill Gewibbels an Héichform sinn, kënne si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken, hmmm! Pechege Kachkéis, en
Zapp-Ee, eng laang Zossis a gaaaaanz vill Schokola. De Mullebutz a seng Crew invitéiert all kleng a grouss Pirate fir mat him ze sangen an ze danzen. De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg! ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concerts-Serie vum Dan Tanson a Georges Urwald.
Iddi, Konzeptioun a Gesank Dan Tanson / Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill Georges Urwald / Arrangementer, Elektronik a Getrommels John Wolter / Gittar Christian Peckels / Bassgei Tom Wiot / Trompett Jhang Kohnen / Gei a Gesank Noémie Leer / Trombonn Patrick Wilhelm / Saxophon Jessica Quintus / Gebäerdesprooch Véronique Steinmetz / Tountechnik Georges Majerus / Luucht Bert Marijsse / Kostümer Anne-Marie Herckes / Visuals & Animatiounen Claude Grosch / Choreographie Nathalie Moyen / Bléck vu baussen Milla Trausch.
Produktioun AllerRetour a.s.b.l. & Philharmonie Luxembourg / Koproduktioun Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Echternach
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu