D’Geschicht vum Babar, dem klengen Elefant
TRAFFIK THEATER
Babar ass d’Geschicht vun engem klengen Elefant, en Erzielconcert mat Schiettheater an der Musek vum Francis Poulenc op engem Text vum Jean de Brunhoff. Nodeems d’Jeeër dem Babar seng Mamm erschoss hunn, lant de Babar, de klengen Elefant, an enger Stad. Eng al Fra passt vun do un op hien op a verwinnt hien, wéi e richtegt Mënschekand. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill Frënn. Wéi e grouss ass, geet de Babar
an den Urwald zeréck bei d’Elefante… D’Verbindung vun de Schieter mat der eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1945 geschriwwen huet, léisst d’Sensibilitéit an d’Zäertlechkeet vun dëser dach origineller Geschicht spierbar ginn. Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun, begeeschtert de Babar nach ëmmer Kleng an Grouss mat senger Poesie an der Kraaft vun der Musek.
Erzieler Dan Tanson / Performance, Konzeptioun, Bühnebild, Schieter Christophe Morisset / Piano Lynn Orazi / Musek Francis Poulenc / Text Jean de Brunhoff
Production Philharmonie Luxembourg, Chantier Mobile a.s.b.l.
Coproduction Kulturhaus Niederanven, Centre Culturel Régional opderschmelz Dudelange, GC De Kroon Brussel
Dans le cadre de la Journée Mondiale du Théâtre pour l’enfance et la jeunesse de l’Assitej (20 mars)
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu