Emma K
COLLECTIF BOMBYX
Inspiréiert vum Franz Kafka sengem Roman Der Prozess
Inspiréiert vum Franz Kafka sengem Roman Der Prozess
De Moie, wou d’Emma säin 12. Gebuertsdag soll feieren, steet hatt op a freet sech schonn op säi Gebuertsdagskuch. Mee seng Elteren a säi klenge Brudder sinn net do. Anscheinend si si an d’Vakanz, erzielt en Inspekter dem Emma, deen sech lues a lues an eng Méck verwandelt. Hien erkläert dem Meedchen, dass hatt vun elo un ënner Arrest steet a sech viru Geriicht veräntwerten muss. Keen ass am Stand dem Emma ze erklären, wat him virgeworf gëtt.
Hatt mierkt séier, dass mam System vun der Justiz eppes net stëmmt, d’Emma ass e fräie Geescht an gëtt net op. Hat gleeft net, wat déi aner erzielen, an well sech seng eegen Meenung bilden.
Dëst Stéck inspiréiert sech um Kafka sengem Roman Der Prozess an ass eng Fabel iwwert de fräie Wëllen an d’Hannerfroe vu Fakten, déi scheinbar net ze änneren sinn. D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken, dass hatt mat der Erfarung wiisst an entdeckt, wat Fräiheet ass.
Schauspill Anne Klein / Regie Pascale Noé Adam / Zeenografie, Kostüm, Video Nathalie Noé Adam / Videoregie Allan Goetz / Regie a Produktiounsassistentin Marie-Paule Greisch / Kënschtleresch Zesummenarbecht Adrien Papitz / Stëmmen Pascale Noé Adam, Adrien Papitz, Anne Klein / Sounddesign Tom Gatti / Luuchten Stephan Sikora / Text Guiseppe Lonobile an enger Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Josée Klincker / Editeiert bei Lansman édition.
Produktioun Bombyx / Koproduktioun Rotondes, opderschmelz, Cube 521 / Ënnerstëtzung Ministère de la Culture
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu