Mega Béis!
KOPLA BUNZ
T’wäert een dach wuel dierfe nach rose sinn
T’wäert een dach wuel dierfe nach rose sinn
Wat ass béis, wat mécht den Ierger mat engem, an deet Roserei net heiansdo och gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet? Wou geet si hin? A wéi rosen ass eigentlech eng Spann? An engem humoristesch-poetesch-absurden Theaterstéck fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer maachen sech de Sänger Jean Bermes an d’Schauspillerin Julie Kieffer mat vill Musek a béis vill Witz op d’Sich no der Roserei. Si si bescht Frënn, vertraue sech blann, kënnen awer heiansdo richteg rosen mateneen sinn –
oder iwwereneen, niewentenee, ënnereneen, ouni eneen, wéinst eneen, duercherneen… Zesummen mam jonke Publikum erfuerschen si spilleresch, voll rosener Musek a gedanztem Ierger, dës Gefillswelt, déi vill ze oft mëssuecht gëtt, awer dach esou authentesch a wichteg fir d’Kanner an och d’Erwuessener ass. Mat engem flotte verännerbarem Bünebild, flexibele Requisiten, villen Instrumenter a verstoppten Iwwerraschungen gëtt gewisen, datt een wuel nach dierf a soll béis ginn.
Spill Jean Bermes, Julie Kieffer / Inszenéierung Florian Hackspiel / Kompositioun Nikola Jeremic / Bün Thomas K Mörschbacher / Dramaturgie Ela Baumann / Produktioun Tanja Frank / Luucht Krischan Kriesten / Coproduktioun Kopla Bunz, Theater Melone Innsbruck, Rotondes, CAPE-Centres des Arts Pluriels Ettelbruck
_
COVID 19
Bei all eise CAKU Spektakele gëllt eng obligatoresch Maskepflicht ab 6 Joer .
D’Virstellung vum Donneschdeg, 11. Februar um 14.30 Auer muss wéinst engem Ausfall vun engem Member vum Ensembel aus gesondheetleche Grënn ofgesot ginn.
Réservation séances scolaires | Groupes
CAPE : T. (+352) 26 81 21 300 | scolaires@cape.lu
Mierscher Kulturhaus : T. (+352) 26 32 43 1 | scolaires@kulturhaus.lu